Den Duo FLOTT Joe Del Toe (Klonerei) a Georges Urwald (Gesang a Piano) spillt a spillt Lëtzebuerger Geschichten a Form vu bekannten a manner bekannte Lidder. Den alen top’je Man versuergt d’Butschel an der Kaffisdous mat Watt, Ouni Rack an ouni Hiem an ouni Box kënnt net iwwerall gutt un, Un der Atert méich de Bauer Lauer sech naass, wann hie säi Meedche géif retten, Den Noa plädéiert duerfir fir de Wäin, well d’Waasser liewensgeféierlech ass …
Musek, Gesank, Pantomim, Klonerei, Zaubertricken an ënnerschiddlechst Interaktiounen tëscht Publikum a Kënschtler garantéieren e FLOTTEN Owend.
An eigentlech wëllen déi zwee duerch de Choix vun hirem Duo-Numm dem Begrëffskatalog fir Zoustëmmungen no Concert an Theater, déi gängeg, mee eidel Bezeechnung ‚flott‘ oder ‚ganz flott‘ entzéien.