georges urwald & FLOTT

Mam méi grouss besaten Ensemble, georges urwald & FLOTT interpretéieren de Joe Del Toe an de Georges Urwald haaptsächlech Neikompositiounen op Texter vu verschidde Lëtzebuerger Auteure vun Dicks bis Jemp Schuster, verstäerkt och op eegen Texter an op déi vu jonke Lëtzebuerger Schrëftsteller.

Musek, faarweg besat, Arrangementer, erzieleresch geschwat, Kompositiounen, hausgemat, Improvisatiounen, onerwaart an net gefaart, Klonerei, scho vill zesumme gelaacht, Publikum, ëmmer ugeschwat, suerge fir en ënnerhalsamen a liewege Büneprogramm.

Et spillen, sangen a laachen:

(Cello, Danz: Caroline Mirkes) – Gesank, Trompett: Jeff Mack  – Gesank, Gei: Franz Schilling – Sopran- an Altsaxophon, Bassklarinett: Anne Kaftan – Perkussioun: Franck Hemmerlé  – Clownerei: Joe Del Toe – Gesank, Piano, Kompositioun: Georges Urwald

%d Bloggern gefällt das: